Eis Dateschutzreegelen regléieren d’Erfaassung an d’Verwendung vu perséinlechen Donnéeën. Donnéeë ginn erhuewe wann Dir eis iwwer d’Websäit, per Telefon oder perséinlech kontaktéiert fir eng Offer unzefroen.
Huelt Iech w.e.g. e Moment Zäit fir Iech mat eiser Dateschutzpolitik vertraut ze maachen. Dësen Abschnitt enthält wichteg Informatiounen iwwer eis Prinzipien, déi Donnéeën déi mir sammelen, an iwwer d’Sécherheet vun dësen Informatiounen.
Eis Prinzipien
- Mir engagéieren eis, Är Privatsphär an d’Vertraulichkeet vun Äre perséinlechen Donnéeën ze respektéieren.
- Mir behandelen Är perséinlech Donnéeën, och Är E-Mail-Adress, vertraulich a ginn dës net ouni Äre virrangege Consent un Drëttpersoune weider.
- Mir investéieren an héichwäerteg IT-Sécherheet a maachen alles, wat méiglech ass, fir d’Sécherheet vun de Donnéeë vun eise Clienten ze garantéieren.
- Mir suergen ëmmer dofir, datt all Partner, mat deene mir fir den Ënnerhalt vun dëser Säit zesummeschaffen, un strikt vertraglech Verpflichtunge gebonne sinn.
Wéi eng Donnéeë sammelen mir?
Mir sammelen Donnéeën duerch d’Benotzung vu Cookies an iwwer Ufroformulairen.
Fir eng Offer kënnen auszeschaffen, brauche mir op mannst Ären Numm, Virnumm, eng E-Mail-Adress an déi Informatiounen, déi absolut noutwenneg si fir d’Detailer vun der gewënschter Service-Offer festzeleeën. Mir brauchen dës Donnéeë fir sécherzestellen, datt eis Offer Äre Besoinen entsprécht.
Wéi schützen mir Är perséinlech Donnéeën?
Mir investéieren an héichwäerteg IT-Sécherheet a maachen alles méigleches fir d’Donnéeë vun eise Clienten ze schützen. Eis IT-Partner stelle just d’Technik fir de Fonctionnement vun der Websäit zur Verfügung.
Déi europäesch Dateschutzgesetzer bedeiten, datt all Lagerung an Veraarbechtung vun Donnéeën, déi Dir eis uvertraut hutt, ënner strikte Sécherheetsprozeduren stattfënnt, fir onautoriséierten Zougrëff duerch Drëttpersounen ze verhënneren. An dësem Kader suerge mir dofir, datt Är Donnéeën nëmme vu Persounen behandelt ginn, déi vun den zoustännegen Autoritéiten zu Lëtzebuerg autoriséiert sinn.
Ginn Är Donnéeë mat Drëttpersoune gedeelt?
Mir behandelen Är perséinlech Donnéeën, och Är E-Mail-Adress, vertraulich a ginn dës net un Drëttpersounen weider ouni Ären ausdréckleche Consent.
Mat Ärem Accord ginn Är Donnéeë just un zoustänneg Autoritéite weidergeleet, wann dat fir d’Bereetstelle vun engem Service, deen Dir schrëftlech oder mëndlech ugefrot hutt, noutwenneg ass.
W.e.g. notéiert, datt mir och gesetzlech dozou verflicht kënne sinn, perséinlech Donnéeën un Drëttpersoune weiderzeleeden.
Bestëmmungen fir international Benotzer
Eis Aktivitéite ginn no lëtzebuergeschem Recht geregelt. D’Dateschutzbestëmmunge vum Grand-Duché Lëtzebuerg gëllen fir d’Veraarbechtung vun allen perséinlechen Donnéeën an eisem Beräich.
Zougrëff op Är perséinlech Donnéeën a Beriichtelungen
Dir hutt d’Recht, en Auszuch vun de perséinlechen Donnéeën, déi mir iwwer Iech späicheren, unzefroen an dës Donnéeën zu all Zäit schrëftlech oder per E-Mail korrigéieren ze loossen.
Fir d'Sécherheet vun Ären Donnéeën ze garantéieren, verlaange mir e gültege Beweis vun Ärer Identitéit. Den Auszuch gëtt Iech gratis per E-Mail zougestallt. Fir eng Zoustellung per Post verrechne mir eng kleng Administratiounstaxe a bieden ëm Äert Verständnis.
Ännerunge vun eiser Dateschutzpolitik
Wann eis Dateschutzreegelen geännert ginn, verëffentleche mir dës Ännerungen op dëser Plaz. Et ass Är Verantwortung, dës Säit reegelméisseg nozëliesen.